Datt Mënschen no de Stäre gräifen ass net nei, an elo wou quasi e Goldrausch em Weltraumressourcen ausgebrach ass, ass et nëmmen normal, datt erëm méi Mënschen an doranner och de Lëtzebuerger Staat no de Stäre gräife wëllen.
Mir sinn net der Meenung, datt eng Regierung kee Risiko dierf agoen, ganz am Contraire, heiansdo ass et néideg e Risiko anzegoen fir weider no vir ze kommen. Mir hätten eis awer erwaart, datt d’Feeler déi bei Planetary Ressources gemaach goufe méi transparent opgeschafft gi wieren.
Et gëtt e schéine Sproch “Bei engem Goldrausch, sich net no Gold, wann s de Schëppe verkafe kanns!”
Als klenge Staat deen et duerch de Marketing vun der Regierung gepackt huet op der Stärekaart vum Space Mining opzetauchen sollte mir eis also zu engem Rôle als Schëppeverkeefer hin orientéieren.
D’SES-Geschicht ass de beschte Beweis dofir, datt een net selwer muss no Gold gruewe wann ee ka Servicer fir déi offréieren, déi no Gold sichen. A virun allem ass et vill manner riskant!
Dofir géife mir eis wënschen, eis Souveränitéitsnischen ze notze fir geziilt Fournisseure vun de Firmen déi no Ressource sichen unzelackelen amplaz selwer no Gold ze sichen.
Kuerz virun de Feierdeeg hunn d’Piraten dem Här Bausch, dee jo Minister fir Mobilitéit souwéi Banne Sécherheet ass, eng parlamentaresch Fro zu sengem Plang vum Opriichte vu sougenannte Streckeradaren (radars-tronçon) gestallt. Bei deene Radare gëtt all Autofuerer systematesch vum éischte Radar erfaasst an nom Passéiere vun engem zweete Radar gëtt eng Moyenne gerechent fir ze gesinn, op den Autofuerer sech op deem Streckenofschnëtt un d’Vitesse gehalen huet.
De Problem vun dëse Streckeradaren ass, dass all Bierger onnéideg ënner Generalverdacht gestallt gëtt. D’Piratepartei stellt sech dofir kloer géint dës Form vun onnëtzer a massiver Datenerhiewung. D’Bierger ginn hei ënner Generalverdacht gestallt egal ob si sech un d’Stroossereegelen halen oder net. Sollte méi souer Apparater am ganze Land opgestallt ginn, wär et ganz einfach fir Déngschter ewéi de SREL oder d’Police Bewegungsprofiler vun eenzele Plackennummeren ze erstellen a soumat ze wëssen, wéini a wou eng Persoun zirkuléiert. Deem stelle mer eis entgéint.
All Minister muss engem Deputéierten op eng parlamentaresch Fro äntweren. De Minister huet dann ee Mount Zäit fir drop ze äntweren.
Am Folgenden fannt der den Text zu eiser Fro:
An der Chamberssëtzung vum 18.12.2018 huet den Här Minister ugekënnegt, dass Streckeradaren op engem Ofschnëtt vun der N11 placéiert solle ginn. Dës Form vu Masseniwwerwaachung werft eng ganz Réi vu Froen op hisiichtlech der Legitimitéit vu dësen technologesche Kontrollmechanismen am Kontext vun individuelle Perséinlechkeetsrechter.
An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës Froe stellen:
Opgeschlësselt no Joer, wéi vill Accidenter gouf et op dësem Streckenofschnëtt? Wéi eng Aarten vun Accidenter goufen op dësem Streckenofschnëtt ermëttelt?
Gi bei deenen ugekënnegte Streckeradaren all Stroossegefierer ab deem éischte Kontrollpunkt erfaasst a nom zum Verloosse vum Miessungsinterval an enger Datebank gespäichert? Falls jo, op wéi enger Speicherplaatz ginn d’Donnéën gespäichert a wéi eng Aart vu Verschlësselung gëtt dofir benotzt? Ass eng Läschung vun den Donnéën am Aklang mam Artikel 17 vum Reglement vum Dateschutz virgesinn?
Däerf d’Police oder de Geheimdéngscht am Kontext vu Fahndungen oder anere Recherchen ob d’Daten vu Radaren zougräifen? Däerfen dës Déngschder Bewegungsprofiler mat dësen Daten erstellen?
Wéi rechtfäerdegt den Här Minister de Fait, dass all Privatpersoun duerch des Streckeradaren ënner Generalverdacht gestallt gëtt, ouni dass am Viraus ee konkrete Verdacht vun enger Verkeiersinfraktioun bestanen huet?
Ëm wéi een Ofschnëtt vun der N11 handelt et sech konkret a wisou gouf dës Streck ausgewielt?
Die Piraten sind neben Déi Gréng die Gewinner der Chamber-Wahl. Sven Clement und Marc Goergen sorgen dafür, dass neben Tschechien und Island auch in Luxemburg Piraten im Parlament sind.