D’Enn vum Congé collectif?

D’Enn vum Congé collectif?

No den Aussoe vum Här Minister Bausch iwwert Ännerunge beim Congé collectif, hat de Marc Goergen an der leschter Chamberssëtzung schonn opmierksam gemaacht, dass d’Konditiounen am Konstruktiounssecteur net dorënner däerfe leiden.

Mir vun de Pirate wëllen net, dass d’Mënschen am Wanter an der Keelt an am Schnéi oder am Summer an ze waarmen Temperaturen op de Chantieren dobausse schaffe mussen!
Et gëtt genuch Profit um Réck vun den Aarbechter gemaach, de Congé collectif ass eng Moossnam fir d’Aarbechter ze schützen.
D’Resultat vun enger schlecht organiséierter Politik vun de leschte Jore gëtt elo op d’Aarbechter zu Lëtzebuerg ofgelooss, déi ënner enormen Drock dausende vu Wunnenge baue mussen.
D’Sécherheet vun den Aarbechter gëtt dobäi guer net a Kaf geholl an et sinn Si, déi dorënner leiden!
Mir vun de Pirate setzen ons dofir a fir d’Qualitéit an d’Sécherheet op de Bausstellen, an dass d’Syndikater hire Congé collectif bestëmmen, net de Minister.

D’Pirate wollten dofir vun der Regierung wëssen, wéi et am Dossier Congé collectif weidergeet.

An der Chamberssëtzung vum 12te Februar 2019 huet den Här Minister Bausch ugekënnegt, d’Realiséierung vu grousse Bauprojete méi schnell virunzedreiwen, andeems z. B. de Congé Collectif am Konstruktiounssecteur geréckelt soll ginn. E puer Syndikater, dorënner den OGBL, wieren sech géint dës Propose a schwätze vun engem “matraquage des salariés du bâtiment”. D’Syndikater hunn de Congé collectif als wichteg sozial Errongenschaft duerch eng Convention collective ausgehandelt, well gewosst ass, dass d’Ufuerderungen un d’Aarbechter am Konstruktiounssecteur kierperlech immens ustrengend sinn.

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  • Gesäit den Här Minister Bausch vir de Congé Collectif fir 2019 a bestëmmte Fäll ze verschiben? Falls jo, wéieng konkret Pläng ginn et hei?
  • Wëll den Här Minister Bausch de Congé collectif och fir déi folgend Joren ëmgestalten? Falls jo, wéi gesäit en dëst vir? Falls nee, wat rechtfäerdegt d’Ëmgestaltung fir dëst Joer?
  • Wäert den Här Minister Kersch gebrauch maache vum Dispositif vum Artikel L-164-8 vum Aarbechtsgesetz an eng Demande fir eng “déclaration d’obligation générale” vum Congé collectif am Konstruktiounssecteur fir 2019 an engem Reglement Grand-Ducal festhalen? Falls nee, ënnert wéi enger Form well den Här Aarbechtsminister soss nach Afloss op déi fräi Gestaltung vum Congé collectif huelen?
  • Ass d’Regierung der Meenung, dass d’Realiséierung vu grousse Bauprojeten ee staatlecht Agräifen an d’fräi Gestaltung vun de Kollektivverträg rechtfäerdegt?
  • Ass den Här Minister Bausch der Meenung, dass d’Aarbechter am Konstruktiounssecteur hir Aarbecht sollen an alle Meteoskonditioune verriichten z. B. och bei héijen Temperaturen am Summer ëm 40 Grad Celsius oder bei Minustemperaturen am Wanter mat Schnéi an Äis?

Mat déiwem Respekt,
GOERGEN Marc
Député

Elektroautoen an der Regierung: Mam gudde Beispill virgoen?

Elektroautoen an der Regierung: Mam gudde Beispill virgoen?

D’Piraten hunn de Ministerë fir Mobilitéit & Energie eng parlamentaresch Fro iwwert d’Elektroautoen am Fuerpark vun der Regierung gestallt.

Am Folgende fannt der den Text zu eiser Fro:

Am Koalitiounsaccord vun der Regierung gëtt den Ausbau vun der Elektromobilitéit als eng Prioritéit definéiert. D’Zil ass, de Privatmarché ewech vum Verbrennungsmotor hin zum Elektrountrib ze beweegen an am Land déi néideg Infrastrukturen ze schaffe fir d’Elektromobilitéit ze assuréieren. Vue dass d’Part du Marché vum Elektroauto aktuell nach marginal ass, ass unzehuelen, dass och d’Regierung senger Virbildfunktioun an der Elektromobilitéit gerecht wëll ginn an hire Fuerpark op Elektroautoen ëmstelle wäert. Zur Zäit fënnt een an deem Fuerpark awer zu engem groussen Deel Autoe mat gréissere Verbrennungsmotoren.

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  • Opgeschlësselt pro Joer a pro Ministère, wéi héich waren d’Ausgabe beim Kaf vun Autoe fir de Fuerpark vun den eenzele Ministère an de 7 leschte Joer? No wéi enge Kritäre gëtt den Auto gewielt?
  • Opgeschlësselt no Ministère, wéi vill Autoe befannen sech aktuell am Fuerpark vun der Regierung? Wéi vill vun dësen Autoen si reng Elektroautoen?
  • Wéi vill Elektroautoe goufen, opgelëscht no Joer, säit 2012 fir de Fuerpark vun der Regierung kaf?
  • Opgeschlësselt no Mark a Modell, wéi eng Autoe sti jiddwer Minister vun der Regierung zur Verfügung. No der selwechter Opschlësselung, wéi eng Autoe sinn an de verschiddene Ministèrë fir den Transport vu Ministere virgesinn?
  • Huet d’Regierung Wëlles, hire Fuerpark an Zukunft op Elektroautoen ëmzestellen? Falls jo, wéi ee Prozentsaz vun Elektroautoen am Fuerpark strieft d’Regierung bis 2023 – opgeschlësselt pro Joer – un? Falls nee, firwat net?
  • Wäert d’Regierung weiderhin op Autoe mat Verbrennungsmotor an hirem Fuerpark setzen? Falls jo, firwat?

Mat déiwem Respekt,
Marc GOERGEN,
Député

Auswäitung vum Congé Jeunesse?

Auswäitung vum Congé Jeunesse?

D’Piraten hunn de Ministere fir Bildung & Sport eng parlamentaresch Fro zum Congé jeunesse a Congé sportif gestallt.

Am Folgende fannt där den Text zu eiser Fro.

De Legislateur kennt verschidde Forme vu spezielle Congéeën, dorënner ënnert anerem de Congé jeunesse an de Congé sportif. Wärend de Congé sportif all Athlet, Arbitter a Verbandsfonctionär am Sport, deen zu Lëtzebuerg affiliéiert ass, zur Verfügung steet – onofhängeg vum Land an deem en effektiv schafft –, ginn zu Lëtzebuerg affiliéiert Animateuren aus dem Jugendberäich vum Congé jeunesse ausgeschloss, wann se am Ausland schaffen.

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  • Wéi vill Persounen (opgeschlësselt no Joer) hunn an de leschten 10 Joer vum Congé jeunesse profitéiert a wéi vill vum Congé sportif? Wéi vill Deeg Congé goufen an der Moyenne jeeweils geholl?
  • Wéi vill Prozent vun den Demandë fir de Congé sportif goufe vu Persounen, déi am Ausland schaffen, deposéiert an ugeholl? Wéi vill Prozent vun den accordéierte Congésdeeg ginn op Persounen, déi am Ausland schaffen, zeréck?
  • Ass d’Regierung der Meenung, datt een de Benevolat an d’Associatioune weider stäerke kéint, andeems een de congé jeunesse och op Salariéen, déi am Ausland schaffen, auswäite géif?

Mat déiwem Respekt,
CLEMENT Sven
Député

Wéi huet Luxtram et mam Gesetz?

Wéi huet Luxtram et mam Gesetz?

D’Piraten hunn de Ministere fir Finanzen & Aarbecht eng parlamentaresch Fro zum Fonctionnement an Entreprise mat staatlecher Bedeelegung gestallt.

Am Folgende fannt där den Text zu eiser Fro.

Am groussherzoglechen Arrêté vum 11. August 1974 gi Firmen opgelëscht, bei deenen de Staat méi wéi 25% vum Kapital hält. Nom Artikel L.426-1 (2) vum Code du travail mussen d’Entreprisë vun dëser Lescht e Member vun der Personaldelegatioun an de Verwaltungsrot integréieren. No Medieberichter vum Radio 100,7 ass dëst awer – zumindest an der Vergaangenheet – bei Luxtram S.A. net de Fall gewiescht an och 17 weider Gesellschafte ginn, obwuel de Staat méi wéi 25% vum Kapital vun dëse Firmen hält, net am groussherzoglechen Arrêté vum 11. August
1974 opgelëscht.

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  • Kënnen d’Ministeren d’Informatioune vum Radio 100,7 confirméieren?
  • A wéi vill Firmen hält de Staat 25 oder méi Prozent vum Kapital? Bei wéi villen dovunner ass e Vertrieder vun der Personaldelegatioun am Verwaltungsrot? Bei wéi engen net?
  • Wéi vill Firmen, a wéi eng, hunn zwar e Member vum Personal am Verwaltungsrot, mee sinn net am groussherzoglechen Arrêté vum 11. August 1974 opgelëscht?
  • Wéi kann et sinn, datt Firmen, an deene Vertrieder vum Staat am Verwaltungsrot setzen, well se 25 oder méi Prozent vum Kapital representéieren, sech net u geltend Gesetzer wat d’Vertriedung vum Personal am Verwaltungsrot ugeet halen?
  • Sinn d’Ministeren der Meenung, datt de Staat als bedeitenden Aktionär bei dëse Firmen intervenéiere muss, fir esou séier wéi méiglech eng Konformitéit mam Gesetz hierzestellen? Wéi séier kann dëst geschéien?
  • Wéi gesinn d’Ministeren dëse Verstouss géint d’Aarbechtsgesetz virum Hannergrond vun de Sozialwalen vum 12. Mäerz?

Mat déiwem Respekt,
Sven Clement
Député

Wei sécher sinn eis Busarrêten um Land?

Wei sécher sinn eis Busarrêten um Land?

D’Piraten hunn de Minister fir Mobiliéit eng parlamentaresch Fro zu Busarrêten déi net mat enger Wunnzone verbonne sinn gestallt.

Am Folgende fannt där den Text zu eiser Fro:

Et ginn zu Lëtzebuerg Busarrêten, déi net iwwert en Trottoir ze erreeche sinn, well se sech niewend enger Landstrooss oder enger Industriezone befannen. Fir Léit, déi an Dierfer oder Lieu-dit’e wunnen, déi duerch keng aner Haltestellen un d’Busnetz ugebonne sinn, bedeit dat, datt si sech um Rand vu befuere Stroossen erhiefleche Risike mussen aussetzen, fir bis bei de Busarrêt oder bis bei hiert Doheem ze kommen. 

An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës Froe stellen:

  • Wéi vill Busarrêten sinn, opgelescht no Gemeng, aktuell net iwwert en Trottoir mat enger Wunnzone verbonen?
  • Huet de Minister fir, Dierfer a Lieu-dit’en, déi aktuell kee Busarrêt hunn, deen iwwert e Foussgängerwee erreechbar ass, besser un d’Busnetz unzeschléissen? Huet de Minister an deem Kontext fir, méi Busarrêten oder méi Trottoirë bauen ze loossen? Op wéi enge Platze si konkret Projete virgesinn?
  • Ass virum Hannergrond, datt Léit och wann de Bus gratis ass, dësen net huele wäerten, wann se dofir geféierlech Stroossen passéiere mussen, domat ze rechnen, dass an dësem Beräich Verbesserunge virgeholl ginn, éier den ëffentlechen Transport gratis gëtt?

Mat déiwem Respekt,
CLEMENT Sven
Député

Fax bei Verwaltungen vs eIDAS recommandé

Fax bei Verwaltungen vs eIDAS recommandé

D’Piraten hunn dem Minister fir Kommunikatioun a Medien eng parlamentaresch Fro gestallt.

Am Folgende fannt der den Text zu eiser Fro:

Nach ëmmer setze vill ëffentlech Verwaltungen op Fax als Alternativ zur Bréifpost, fir Dokumenter ze verschécken oder ze kréien. Dëst virun allem well de Fax eng Bestätegung iwwert d’Receptioun verschéckt an domadder eng “valeur probante” ausstellt. Den europäeschen eIDAS Reglement, deen e qualifizéierte Recommandé op elektroneschem Wee virgesäit, hätt de Gebrauch vum Fax allerdéngs scho säit Jore kéinte reduzéieren. Grad virum Hannergrond vun der Äntwert vum Här Minister op meng parlamentaresch Fro N° 60, datt iwwert 50% vun allen Telefonsleitungen haut IP-baséiert sinn, schéngt de Fax keen adequat Kommunikatiounsmëttel fir Verwaltunge méi ze sinn, well de Reglement vun der ILR vum 9. August 2017 jo festleet, datt et keng Garantie fir de Fonctionnement vu Fax op engem IP-Reseau gëtt oder muss ginn.

An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës Froe stellen:

  • Wéi vill Operateuren erlaben et haut zu Lëtzebuerg en elektronesche Recommandé, wéi am eIDAS-Reglement virgesinn, fortzeschécken? Wéi vill dovunner erlaben en “envoi recommandé électronique qualifié”?
  • Ass de Minister der Meenung, datt en Online-Service, wéi z. B. myGuichet, fir all Verwaltungen en Dokument mat “accusé de réception” ausstelle kéint, fir de Fax am Beräich vun der Kommunikatioun tëscht Staat a Bierger an noer Zukunft ofzeléisen?
  • Vue datt VOIP-Leitungen haut nach net gekennzeechent musse ginn, wéi wëll de Minister garantéieren, datt Leit, déi op de Fax ugewise si fir administrativ Demarchen ze maachen, dësen op hirer Leitung och notze kënnen? Oder bleift dëse Persounen just dee méi luese Postwee?
  • Geséit de Minister eng Opportunitéit fir zu Lëtzebuerg Alternativen zum Fax ze etabléieren an esou eng obsolet Technologie an d’Pensioun ze schécken?
  • Wéi vill Administratioune kennen haut een elektronesche Recommandé, wéi am eIDAS-Reglement virgesinn, unhuelen? Wou verëffentlechen d’Verwaltungen dës Kontaktméiglechkeet?

Mat déiwem Respekt,
CLEMENT Sven
Député

Stroossemonumenter an hire Verbleif

Stroossemonumenter an hire Verbleif

D’Piraten hunn de Ministerë fir Mobilitéit & Kultur eng parlamentaresch Fro gestallt.

Am Folgende fannt der den Text zu eiser Fro:

Reegelméisseg kënnt et fir, datt Monumenter, déi laanscht d’Strooss stinn, am Kader vu Stroossebauaarbechten op Nationalstroosse musse geréckelt oder ofgerappt ginn. Am Fall vu Weekräizer gouf eis zougedroen, datt dës vu Sites et Monuments géife recuperéiert gi, fir e Moulage ze maachen an se uschléissend de Besëtzer, sollten déi dëst wënschen, zeréck ze ginn. Leider hu mir och héieren, datt et Weekräizer ginn, déi zanter Jore respektiv Joerzéngte bei staatleche Verwaltunge leien, ouni dass se un hir rechtméisseg Besëtzer zeréck gi goufen.

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  • Gëtt et eng schrëftlech Prozedur, déi bestëmmt, wéi mat Monumenter laanscht Staatsstroossen am Kader vun Ëmbau- oder Erweiderungsaarbechten ze verfueren ass?
  • Wéi vill Monumenter (Weekräizer an Ähnleches) ginn am Moment vu staatleche Verwaltunge verwahrt?
  • Opgelëscht no Joren an Unzuel, wéi laang ginn/goufen dës Monumenter verwahrt?
  • Sinn d’Ministeren net der Meenung, datt ee Privateegentum esou séier wéi méiglech misst zeréck ginn, nodeems déi néideg Aarbechten oder de Moulage gemaach goufen?

Mat déiwem Respekt,
CLEMENT Sven
Député

Ze vill Plastik an der Bréifboîte!

Ze vill Plastik an der Bréifboîte!

D’Piraten hunn de Ministerë fir Kommunikatioun a Medien & Emwelt, Klima, a nohalteg Entwécklung eng parlamentaresch Fro gestallt.

Am Folgende fannt der den Text zu eiser Fro:

All Joers produzéiert Lëtzebuerg Tonnen u Plastikmüll. Fir d’Quantitéit u Plastik, deen ewech geheit gëtt, ze reduzéieren, gëtt aktuell vill driwwer geschwat Produiten, déi och aus alternative Materialie produzéiert kenne ginn, ze verbidden oder méi deier ze maachen. An deem Kontext goufen zu Lëtzebuerg jo och viru kuerzem gratis Plastikstute verbueden, soudass elo jiddereen, deen am Supermarché nach eng Tut aus Plastik brauch, strikt fir des bezuele muss. Näischt bezuele muss een dogéint fir all dee Plastik, deen een – obwuel een en an dësem Fall iwwerhaapt net braucht – an d’Bréifboîte gehäit kritt. Reklammen, Zäitschrëften an och Broschüre kritt een oft zougeschweesst an enger Plastikstut zougestallt, obwuel se och ouni des Verpackung hätte kenne geschéckt ginn.

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  • Hunn d’Ministeren Zuelen, déi duerstellen, wéi vill Plastikstuten a Form vu Verpackunge vu Reklammen all Joers iwwert de Postwee verschéckt ginn?
  • Huet d’Regierung fir, an noer Zukunft de Gebrauch vu Plastiksverpackungen am Beräich vum Courrier ze reguléieren?

Mat déiwem Respekt,
CLEMENT Sven
Député

Zero Rating: Negativen Impakt op de Präis vum Datenvolumen?

Zero Rating: Negativen Impakt op de Präis vum Datenvolumen?

D’Piraten hunn de Ministerë fir Kommunikatioun a Medien & Konsumenteschutz eng parlamentaresch Fro gestallt.

Am Folgende fannt der den Text zu eiser Fro:

Ëmmer méi Mobil-Telefonie-Operateuren offréieren “Zero Rating”-Formulen, bei deene bestëmmten Apps vum Datevolume, fir deen ee bezuele muss, ausgeholl ginn. Dëst ass no der aktueller Gesetzeslag legal, huet awer, wéi eng rezent Studie vun epicenter.works an Zesummenaarbecht mat der Aarbechterkummer vu Wien an der Mozilla Stëftung erausfonnt huet, en negativen Effekt op d’Präisentwécklung. Dës Studie beweist, datt am Zäitraum vun der Observatioun an der ganzer EU d’Präisser vu mobillen Daten an der mobiller Telefonie am Schnëtt em 8% gefall sinn, wann keen sougenannten “Zero Rating” applizéiert gouf, wärend d’Präisser em 2% geklomme sinn, am Fall wou “Zero Rating”-Formulen offréiert goufen. Mir schwätzen hei also vun enger Differenz vun 10%.

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  • Hunn d’Ministere Kenntnis vun der genannter Etüd?
  • Wei eng Konklusiounen zéien d’Ministeren aus dëser Studie?
  • Plangen d’Ministeren eng ähnlech Studie fir Lëtzebuerg an Optrag ze ginn, fir esou de geneeën Impakt vu “Zero Rating”-Offeren op Clienten an op d’Präisser z’analyséieren?
  • Sinn d’Ministeren och der Meenung, datt “Zero Rating” zu méi héige Barrière féiert fir nei an innovativ Mobil-Telefonie-Servicer, sou wéi d’Auteure vun der Studie dat fir den europäeschen digitale Maart beleeën?
  • Fäerten d’Ministeren, genee wéi d’Auteure vun der Studie och, datt duerch den obligatoreschen Asaz vun “Deep Packet Inspection” de gliesene Konsument entsteet an esou de Prinzip vun der Datespuersamkeet an dem Recht op informationell Selbstbestëmmung verletzt gëtt?

Mat déiwem Respekt,
CLEMENT Sven
Député

D’Präiserhéijunge vun der SNCT

D’Präiserhéijunge vun der SNCT

No eiser éischter Fro zu de Präiserhéijunge bei der SNCT, hunn d’Piraten de Ministere fir Konsumenteschutz & Mobilitéit eng weider parlamentaresch Fro iwwert d’Tariffer bei der SNCT gestallt, dës Kéier mam Fokus op de Konsumenteschutz.

Am Folgende fannt der den Text zu eiser Fro:

D’Union des Consommateurs Luxembourgeois (ULC) fuerdert an engem Communiqué vum 4te Februar 2019 déi rezent Präishausse vun den Tariffer direkt réckgängeg ze maachen. D’Präiserhéijung trëfft virun allem Konsumente mat niddrege Léin. Dës Präishausse verwonnert demno, well d’SNCT an hire Grondsätz de Konsumenteschutz als eng vun hire Prioritéiten definéiert.

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen

  • Wäert d’Madamm Ministesch eppes ënnerhuelen, fir der Fuerderung vun der ULC Rechnung ze droen? Wa jo, ënnert wéi enger Form? Falls nee, firwat net?
  • Wëssend, dass de Contrôle Technique vun engem Gefier vum Gesetz virgeschriwwen ass, ass déi néi Tarifikatioun bei der SNCT S.A. der Madamm Ministesch no vereenbar mat enger glafwierdeger a konsequenter Protektioun vum Konsument ?
  • Goufen et am Virfeld vun dëser Präishausse Gespréicher tëscht dem Transportminister an der Ministesch fir Konsumenteschutz ?
  • Ass den Dialog tëscht béide Ministèren an dëser Saach séchergestallt gewiescht ? Wat fir eng Konklusioune sinn aus deene Gespréicher gezu ginn?
  • Wéi gedenkt d’Regierung an Zukunft den Automobilist virun esou drastesche Präishaussen ze schützen ?

Mat déiwem Respekt,
GOERGEN Marc
Député