Wann um Findel kee Fliger méi lant

Wann um Findel kee Fliger méi lant

De Freiden, 1. Februar 2019 konnten um Findel keng Fligere méi lande well et zu enger Pann mam Landesystem vum Fluchhafe koum. D’Pirate wollte vum Minister fir Mobilitéit wëssen, wat d’Grënn vun dëser Pann waren.

Am Folgende fannt der den Text zu eiser Fro:

Den 1. Februar koum et um Fluchhafe Findel zu enger gréisserer Betribstéierung, bei der méi wéi eng Stonn keng Fligere méi konnten zu Lëtzebuerg landen. Als Konsequenz si verschidde Flich op Noperfluchhäfen ëmgeleet ginn an aaner Fligeren hu misse wärend der Stonn am Loftraum kreesen. Luxairport no war eng kuerzzäiteg Stéierung beim “Instrument landing system (ILS) d’Ursaach vun dëser betriblecher Pann.

An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës Froe stellen:

  • Wat waren déi exakt Grënn fir den Ausfall vum ILS vum 1. Februar?
  • Op wéi engem technologesche Stand ass den ILS, deen um Findel installéiert ass?
  • Wéi a mat wéi engen Dokumenter stellt d’Regierung sécher, dass d’Maintenance vum ILS säit 2013 konform duerchgefouert ginn ass?
  • Opgeschlësselt no Ursaach a no Joer säit 2013, wéi vill Flich hu vum Findel missten op aner Fluchhäfen ëmgeleet ginn?

Mat déiwem Respekt,
Marc Goergen
Député

Präiserhéijunge bei der SNCT

Präiserhéijunge bei der SNCT

Wéi op der Website vun der SNCT publizéiert, sinn d’Präisser vum Contrôle Technique an d’Luucht gaangen. Esou ginn innerhalb vun engem Joer den Dreifstoff an de Contrôle Technique méi deier. D’Pirate stelle fest, dass déi Erhéijunge gutt an déi aktuell Anti-Auto-Politik vun eiser Regierung passen.

Dofir hu mer dem Minister fir Mobilitéit dozou eng parlamentaresch Fro gestallt. Mer wëlle wëssen, wat eng Erhéijung vun de Präisser rechtfäerdegt an op och Mesure virgesi sinn, Autosfuerer, déi op hiert Gefier ugewise sinn, finanziell oder fiskalesch ze entlaaschten.

Am Folgende fannt der den Text zu eiser Fro:

Vum éischte Februar 2019 un gëlle fir déi technesch Kontroll vun der SNCT S.A. nei Tariffer. Fir eng Rei Gefierer geet de Präis vun der technescher Kontroll bis zu 40 % an d’Luucht. Dës Präishausse betrëfft beispillsweis Bensin- an Dieselgefierer souwéi Gefierer mat Hybrid- oder Elektrotechnik. D’SNCT begrënnt dës Präishaussen domat, datt d’Qualitéit vum Service elo verbessert géif ginn.

An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës Froe stellen:

  • Här Minister, wat rechtfäerdegt dës nennenswäert Hausse vun den Tariffer bei der SNCT S.A. ?
  • De Service vun der SNCT S.A soll duerch déi nei Tarifikatioun verbessert ginn. Wéi eng si genee d’Verbesserunge fir de Client, déi duerch di rezent Hausse vun den Tariffer bei der Kontroll ze erwaarde sinn ?
  • Wou louchen deemno Mängel vir bei de Servicer vun der SNCT S.A, befir d’Tariffer eropgesat goufen ?
  • Trëfft déi nei Tarifikatioun net virun allem déi Biergerinnen a Bierger, déi keen neit Gefier besëtzen oder fir déi de Kaf vun engem neie Won, aus ausschliisslech finanzielle Grënn, iwwerhaapt net méiglech ass ?
  • Wat ass dem Här Minister seng Positioun zum Fait, datt Besëtzer vun eelere Gefierer, fir ee Service dee vum Gesetz virgeschriwwen ass, elo méi musse bezuelen?
  • Här Minister, huet de Service vun der SNCT ärer Aschätzung no och eng sozial Vokatioun a bleift e fir all Biergerinnen a Bierger finanziell zougänglech?
  • En Auto ass fir eng Majoritéit u Biergerinnen a Bierger uechtert Land bal liewesnoutwenneg. Gesäit d’Regierung Mesurë vir, fir d’Biergerinnen a Bierger, déi op den Auto ugewise sinn, ze ënnerstëtzen? Wa jo, wéi eng Schrëtt si konkret virgesinn konkret virgesinn ?
  • Gëtt et een Zesummenhang tëscht der Hausse vun der Präisser beim Contrôle Technique mat der aktueller Anti-Auto-Politik vun der Regierung?

Mat déiwem Respekt,
Marc GOERGEN
Député


Big brother is watching you: Staatstrojaner zu Lëtzebuerg?

Big brother is watching you: Staatstrojaner zu Lëtzebuerg?

D’Piraten hunn de Ministere fir Verdeedegung, Bannenzeg Sécherheet & Kommunikatioun a Medien eng parlamentaresch Fro iwwert d’Benotzung vu Staatstrojaner am Kontext mat Zero-Day-Schwaachstelle gestallt.

Eis Positioun heizou ass kloer: mer Piraten si gänzlech géint d’Ausnotze vu Schwaachstellen duerch Trojaner. Mer veruerteelen d’Ausnotzung vu Zero-Day-Schwaachstellen ob Hacker oder Staat. All ëffentlech Instanz huet et ze mëlle wann esou Schwaachstellen entdeckt ginn. Trojaner ze benotze fir dës Schwaachstellen auszenotze gehéiert sech net fir ee Rechtsstaat. Dem Bierger seng Sécherheet muss am Virdergrond stoen.

Am Folgende fannt der den Text zu eiser Fro:

Wéi d’Website netzpolitik.org den 22.01.2019 beriicht huet, sicht Europol zurzäit an der Offre publique D/EC3/1419 no Expären fir d’Ausbildungen am Beräich vun der Ënnersichung an Opklärung an der Cyberkriminalitéit ze
organiséieren. Dës Ausschreiwungen erwäänen d’Fanne vu juristësche Beweismëttelen op Computeren souwéi d’Analyse vum Fonctionnement vu Malware fir d’Ausnotzung vu Zero-Day-Schwaachstellen. D’Ausnotze vun dëse Schwaachstellen ass allerdéngs ethesch ëmstridden, wëll se, wa keen se mellt a behieft, vun all méiglecher Persoun kënnen ausgenotzt ginn. An engem Rapport vun Europol an Eurojust vum 11te Januar 2019 gëtt zudem
erwäänt, dass och Regierungen dës Schwaachstelle benotze fir mat Trojaner op d’Donnéeë vu Privatcomputere kënnen zouzegräifen. D’Verschweigen an d’Ausnotze vu Schwaachstelle mat Malware duerch de Staat ass extrem bedenklech, well all Benotzer doduerch och kriminellen Hacker ausgeliwwert gëtt.

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen

  • Gëllt den Artikel 48-26 (1) vum Code de Procédure Pénale och fir d’Asetze vun Trojaner op Zero-Days-Schwaachstellen? Falls jo, wéi eng ëffentlech Instanzen hunn Accès op dës Trojaner a wien huet d’Befugnis se däerfen anzesetzen?
  • Wéi eng Aarte vun Trojaner stinn der lëtzebuergescher Regierung zur Verfügung fir Zero-Days-Schwaachstellen auszenotzen?
  • Wéi ka séchergestallt ginn, dass beim staatlechen Asaz vun Trojaner op Zero-Day-Schwaachstelle keng Donnéeë säitens der staatlecher Instanz op den Disk vum ugegraffene Rechner installéiert ginn? Wéi gëtt no enger Enquête séchergestallt, dass d’Malware säitens dem Staat erëm vum Rechner vum Proprietär desinstalléiert, bezéiungsweis, geläscht gëtt?
  • Wéi eng Positioun vertrëtt d’Regierung vis-à-vis zu der Praxis Zero-Days-Schwaachstellen net ze mellen an Trojaner ouni d’Averständnis an d’Wësse vun der concernéierter Persoun op Computeren ze installéieren?
  • Ginn et ausserhalb deenen, vum Artikel 48-26 vum Code de Procédure pénale genannte Bedéngungen, nach weider Fäll an deenen d’ëffentlech Instanzen zu Lëtzebuerg Gebrauch vun Trojaner maachen? Falls jo, a wéi enge konkrete Fäll an op wéi enger legaler Basis?
  • Ass d’Regierung der Meenung, dass Lëtzebuerg ähnlech wéi d’Vereenegt Staaten vun Amerika een “Vulnerability Equity Process” fir d’ëffentlech Instanze sollt aféieren? Falls nee, firwat net?

Mat déiwem Respekt,
GOERGEN Marc
Député

Laang Waardelëschten bei der ADEM

Laang Waardelëschten bei der ADEM

D’Piraten hunn de Ministere fir Famill an Integratioun, Aarbecht, Digitalisatioun & Administrativ Reform eng parlamentaresch Fro iwwert d’Waardezäiten bei der ADEM am Zësummenhang mam REVIS gestalt.

Am Folgende fannt der den Text zu eiser Fro:

Mam Aféiere vum REVIS duerch d’Gesetz vum 28. Juli 2018 si Bedéngungen a Kraaft getrueden, déi den Erhalt vum Aarbechtslosegeld un eng Réi vu Konditioune bannen. Ënnert dëse Konditiounen, déi am Artikel 2 vum viru genannte Gesetz ze fanne sinn, steet ënnert dem Punkt e), datt een als Viraussetzung fir de REVIS bezéien ze kennen, muss als Demandeur d’Emploi bei der ADEM ageschriwwe sinn. Verschidde Bierger an Associatiounen hunn eis allerdéngs informéiert, datt d’Waardezäiten fir de REVIS unzefroen doduerch immens laang sinn, well ee bei der ADEM fir d’Aschreiwung als Demandeur d’Emploi e puer Woche bis iwwert ee Mount op ee Rendez-vous waarde muss, wann een sech als Demandeur d’Emploi aschreiwe well.

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  • Wéi eng Hëllefsmoossname ginn enger Persoun, déi vum REVIS liewe misst, dësen awer net bezéie kann, well se sech bei der ADEM eréischt a méi wéi engem Mount aschreiwe kann, zur Verfügung gestallt?
  • Wat sinn d’Ursaache fir déi laang Waardezäite bei der ADEM? Sinn d’Grënn fir déi laang Waardezäiten op ee Personalmangel, eng ineffizient Organisatioun vun der ADEM oder eng Augmentatioun vun den Aarbechtsichenden zréckzeféieren? Falls d’Héicht vun Aarbechtsichenden e Gronn fir déi aktuell Waardezäiten ass: Wéi ass dës Augmentatioun virum Hannergrond vun der aktuell gudder wirtschaftlecher Situatioun vu Lëtzebuerg ze erklären?
  • Op d’Donnéeë vun deene lëschten 3 Méint (November 2018, Dezember 2018, Januar 2019) bezunn an opgeschlësselt nom Standuert vun der ADEM Agence, wéi laang muss eng Persoun am Schnëtt (ausgedréckt an Deeg) waarde fir sech als Demandeur d’Emploi bei der ADEM kënnen anzeschreiwen, oder, anescht ausgedréckt, wéi vill Deeg leien tëscht dem Huele vum Rendez-vous an der Aschreiwung? Falls den Här Aarbechtsminister dës Statistiken net huet: Wisou empfënnt hien et net als opportun dës Donnéeën zum Fonctionnement vum Service vun der ADEM ze erhiewen?
  • Ass de Minister fir Digitalisatioun & Administrativ Reform net der Meenung, datt d’Aschreiwung bei enger staatlecher Agence, wéi der ADEM, iwwert Guichet.lu kéint gemaacht ginn? Ginn et an deem Zesummenhang Pläng fir déi ëffentlech Servicer – dorënner och d’Aschreiwung bei der ADEM – op enger digitaler Plattform unzebidden? Falls nee, firwat net?

Mat déiwem Respekt
Sven CLEMENT
Député

Ontransparent Angeboter an der Telekommunikatioun. Wéi d’Läit besser opklären?

Ontransparent Angeboter an der Telekommunikatioun. Wéi d’Läit besser opklären?

D’Piraten hunn der Ministesch fir Konsumenteschutz eng parlamentaresch Fro iwwert d’Transparenz bei Angeboter an der Telekommunikatioun gestalt.

Am Folgende fannt der den Text zu eiser Fro:

A ville Beräicher, mee haaptsachlech am Beräich vun der Telekommunikatioun gëtt et ëmmer méi üblech, datt Abonnementer
ugebuede ginn, bei deenen ee wärend den éischte Méint méi niddereg Mensualitéite bezuele kann, wéi wärend der Schlussperiod. Et handelt sech also em Offere vun der Form: X € fir déi éischt Méint an duerno Y € fir de Rescht vum Kontrakt, woubäi X reegelméisseg méi kleng ass wéi Y an d’SchIussperiod vum Kontrakt och duerchaus méi laang ka sinn ewéi d’Period vun der Remise. Well déi divers Ubidder verschidden esou Abonnementer mat variabele Mensualitéiten an der Offer hunn, déi sech och nach an hire Lafzäiten ënnerscheeden, ass et fir de Konsument net ëmmer einfach festzestellen, wéi een Abonnement fir hien finanziell wierklech am attraktiivsten ass. Well de Commerce weess, dass déi wéinegste Léit sämtlech Offeren duerchrechnen, ginn déi reduzéierte Präisser vun den Ufanksméint dofir och gären a Publicitéitscampagnë benotzt fir d’Clienten a Richtung vun (an der Moyenne) méi deier Produiten ze steieren. Wärend een z. B. bei Kreditter den taux effectiv muss affichéieren, kennen d’Ubidder vu Kontrakter mat Mensualitéiten aIso dovu profitéieren, dat et hei keng Reegelung gëtt, déi besoe géing, datt een d’Héicht vun der “mensualité moyenne” misst uginn.

An deem Zesummenhang wéilt ech der Ministesch dës Froe stelle:

• Ass d’Madamm Ministesch der Opfaassung, datt an dësem Kontext den Affichage vun engem Präis, dee méi niddreg wéi d’Moyenne vun de Mensualitéiten ass, eng Täuschung vum Konsument duerstelle kann?

• Huet d’Regierung konkret Pläng fir d’Konsumente besser virun de genannte kommerziellen Taktiken ze schützen?

• Wéi wëllt d’Regierung virum Hannergrond, datt de Gesamtkäschtepunkt vun engem Kontrakt vun de variable Lafzäiten an de verschiddene Mensualitéiten ofhänkt, d’Vergläichbarkeet vun den Offere garantéieren?

Mat déiwem Respekt,
CLEMENT Sven
Député

Pfandbréiwer an erneierbar Energien. Eng Kombinatioun, déi et gläich net méi gëtt?

Pfandbréiwer an erneierbar Energien. Eng Kombinatioun, déi et gläich net méi gëtt?

D’Piraten hunn de Ministere fir Energie & Finanzen eng parlamentaresch Fro iwwert eng bevirstoend EU-Harmoniséierung iwwert gedeckten Scholdverschreiwungen gestalt.

Am Folgende fannt der den Text zu eiser Fro:

Säit der Ännerung vum 22. Juni 2018 vum Gesetz vum 5. Abrëll 1993 kennen zu Lëtzebuerg dem Artikel 12-1 entspriechend net nëmme Prêten, déi duerch Immobilien, mee och solch, déi duerch “immobliliers portants sur des biens générateurs d’énergie renouvelables” beséchert sinn, an den Deckungspool vu Pfandbreiwer (lettres de gages) kommen. D’Europäesch Kommissioun huet allerdéngs schonn am Mäerz 2018 eng Propositioun fir eng Richtlinn vum europäesche Parlament a vum Rot iwwert d’Emissioun vu gedeckte Scholdverschreiwungen (obligations garanties) presentéiert, an der et am Artikel 8 d) heescht, dass gedeckte Scholdverschreiwungen – zu deenen och d’Pfandbréiwer gehéieren – mussen duerch “hypothèques sur des biens immobiliers résidentiels ou des biens immobiliers commerciaux” garantéiert sinn. D’Thema vun der erneierbarer Energie fënnt an dëser Propositioun domat keng Erwänung.

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  • Sinn d’Häre Ministeren der Meenung, dass déi lëtzebuergesch Gesetzgebung iwwert Pfandbréiwer am Bezuch op d’erneierbar Energië wäert geännert musse gi virum Hannergrond vun enger EU-Harmoniséierung?
  • Gesäit d’Regierung fir, sech op europäeschem Niveau der genannter Direktivspropositioun entgéint ze stellen?
  • Wéi eng Pläng huet d’Regierung fir an Zukunft am Kontext vun den erneierbaren Energien alternativ Finanzinstrumenter ze fërderen, falls eng Finanzéierung vu Krediten iwwert de Pfandbréif opgrond vun enger EU-Direktiv net méi méiglech sollt sinn?

Mat déiwem Respekt,
CLEMENT Sven
Député

Ënnerhaltskäschte bei enger Scheedung: Ontransparent Entscheedungen

Ënnerhaltskäschte bei enger Scheedung: Ontransparent Entscheedungen

D’Piraten hunn dem Minister fir Justiz eng parlamentaresch Fro iwwert d’Bestëmmung vun der Héicht vun den Alimenter gestalt.

Am Folgende fannt der den Text zu eiser Fro:

Eltere mussen sech am Fall vun enger Scheedung gemeinsam em d’Ënnerhaltskäschte vun hire Kanner këmmeren. Wann eng Famill bis net méi zesummen an engem Menage wunnt, kann de Riichter decidéieren, datt een Elterendeel deem anere pro Mount e gewëssene Montant un Alimenter fir d’Kanner iwwerweise muss. Wéi héich dëse Montant muss sinn, bzw. wéi vill Prozent vum Salaire en ausmaache wäert, ass dobäi net gesetzlech gereegelt an ënnersteet eleng der Entscheedung vum Riichter. Gläichzäiteg gëtt et zu Lëtzebuerg och keng Orientéierungstabelle, déi ähnlech wéi déi däitsch ‘Düsseldorfer Tabell’ festhale géing, wéien Montant vun enger Persoun mat engem bestëmmte Salaire standardméisseg als Alimenter bezuelt sollt ginn. Ouni gesetzlech Reegelung an ouni aner Orientéierungshëllefen entsteet bei de Betraffenen opgrond vun ontransparente riichterlechen Entscheedungen esou oft eng gewëssen Onsécherheet.

An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës Froe stellen:

  • Wisou gouf bei der Reform vun 2018 vum Scheedungsgesetz drop verzicht, konkret Reegelungen iwwert d’Berechnung vun den Alimenter festzehalen?
  • Gesäit d’Regierung vir, eng Tabelle nom Modell vun der ‘Düsseldorfer Tabell’ als Orientéierungshëllef eraus ze ginn? Falls nee, firwat net?
  • Huet den Här Minister Pläng fir der Magistratur aner Outilen un d’Hand ze ginn, fir fair an transparent Entscheedungen ze treffen?

Mat déiwem Respekt,
CLEMENT Sven
Député

Kontakt ophuelen mat staatleche Servicer. Wann den Telefon schellt a schellt…

Kontakt ophuelen mat staatleche Servicer. Wann den Telefon schellt a schellt…

D’Piraten hunn de Ministere fir Administrativ Reform & Ëffentlechen Déngscht eng parlamentaresch Fro iwwer d’Kommunikatioun mat staatleche Servicer gestalt.

Am Folgende fannt der den Text zu eiser Fro:

Heefeg si Bierger a Betriber op Informatioune vu staatleche Servicer ugewisen, déi zumindest informell kéinte kuerz a knapp iwwer Telefon beäntwert ginn, ouni den Opwand an d’Delaien vu formelle Bréiwer iwwert de Postwee mat sech ze bréngen. Leider ass awer ëmmer erëm festzestellen, datt ee bei Verwaltungen op direkt Nummeren urifft an dann awer keen op den Telefon kritt. Obwuel iwwert dëse Wee genee déi Persoune kontaktéiert kéinte ginn, déi am beschte qualifizéiert wiere fir z’äntweren, kennt et ganz heefeg fir, datt keen ophieft, an oft ginn dës Uriff net emol no enger Zäit op eng Mailbox oder de Standard weidergeleet, mee schellen einfach duerch bis ee selwer anhänkt. Och E-Maile bleiwe reegelméisseg onbeäntwert. Gläichzäiteg kritt ee vun de selwechte Beamten awer Bréiwer geschéckt, déi op Deeg datéiert sinn, wou déi Éischtgenannten telefonesch net ze erreeche waren.

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  • Ginn et Statistiken iwwert d’Unzuel an den Undeel vun Uriff – opgedeelt no Administratioun –, déi net connectéiert konnte ginn? Falls jo, kéinten d’Ministeren eis déi zur Verfügung stellen? Falls nee, denken d’Ministeren net, datt ee fir d’Verbesserung vun der Qualitéit vu staatleche Servicer, dës anonymiséiert Statistike misst erhiewen?
  • Bei wéi vill staatleche Servicer ginn d’Uriff net op Mailboxen oder de Standard weidergeleet? Bei deene wou et geschitt: no wat fir enger Zäit?
  • Ginn et Statistiken iwwert d’Unzuel vun E-Mailen, déi pro Administratioun a pro Mount tëscht de staatleche Servicer an de Bierger a Betriber ausgetosch ginn?
  • Gëtt et eng Obligatioun, déi beseet, datt Fonctionnairen de Kontakt iwwert E-Mail fir Bierger a Betriber erméigleche mussen? Falls net, gedenken d’Ministeren des Situatioun am Kader vun der Digitaliséierungsstrategie ze änneren?

Mat déiwem Respekt,
CLEMENT Sven
Député

D’Kommunikatioun mat de Bierger

D’Kommunikatioun mat de Bierger

D’Piraten hunn dem Minister fir Finanzen, eng parlamentaresch Fro iwwert d’administrativ Sprooch gestallt.

Am Folgende fannt der den Text zu eiser Fro:

Am Gesetz vum 24. Februar 1984 iwwert de Sproochenasaz steet: “Lorsqu’une requête est rédigée en luxembourgeois, en français ou en allemand, l’administration doit se servir, dans la mesure du possible, pour sa réponse de la langue choisie par le requérant” (Artikel 4). Eisen Informatiounen no, beäntweren zumindest verschidde Fonctionnairë bei der Administratioun vum Enregistrement Ufroen, déi hinnen op Lëtzebuergesch zougaange sinn, mat Formbréiwer op Franséisch.

An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës Froe stellen:

  • Denkt de Minister, datt den Deelsaz “dans la mesure du possible” genuch Spillraum léisst, fir Formbréiwer (wéi z.B. Decompten) net an all administrativ Sprooche vum Land iwwersetzen ze mussen?
  • Wéi eng Moossname wäert de Minister ergräifen, fir datt och um Enregistrement d’Dispositioune vum Gesetz vun 1984 Uwennung fannen?
  • Wéi vill Bréiwer goufen – opgelëscht no Joer – zanter 1984 vun der Administratioun vum Enregistrement net an där administrativer Sprooch beäntwert, an där se ukomm sinn? Falls dës Statistiken net disponibel sinn: Ass de Minister net der Meenung, datt d’Promotioun vun eiser Méisproochegkeet och Fakten iwwert d’Realitéit an der Administratioun verlaangt?
  • Ginn et nieft de franséischsproochege Formbréiwer um Enregistrement och Formbréiwer an aneren administrative Sproochen (Lëtzebuergesch oder Däitsch)?
  • Ass de Minister der Meenung, datt een eventuell déi administrativ Kommunikatioun och op déi Englesch Sprooch erweidere misst.

Mat déiwem Respekt,
Clement Sven
Député

Primmen fir knaschtëg Batterien?

Primmen fir knaschtëg Batterien?

Fir Elektroautoen ze bauen, brauch ee leeschtungsstaark Batterien. Fir dës Batterien ze baue brauch ee seele Metaller wéi Lithium oder Kobalt. Dës Metaller ofzebauen ass awer bedenklech, wann ee weess, dass den Ofbau aktuell weder ökologesch nach mat sozial héije Aarbechtstandards am EU-Ausland verbonnen ass. Aus dësem Grond hunn d’Piraten de Ministere fir Energie, Ëmwelt a Mobilitéit eng parlamentaresch Fro zu der aktueller Produktioun vun Elektroautosbatterië gestallt.

Am Folgende fannt der den Text zu eiser Fro:

A sengem RTL-Interview vum 19ten Januar 2019 huet den Här Energieminister iwwert d’Kontroverse bei der Produktioun vu Batterien, déi bei Elektroautoen aktuell zum Asaz kommen, geschwat. Effektiv erkläert hien am Laf vun dësem Interview, dass aktuell un engem neien EU-Gesetz geschafft gëtt, fir d’Batterien esou ëmweltfrëndlech wéi méiglech kënnen ze produzéieren. No deem Gesetz sollen an Zukunft d’Batterien zu 100% recycléiert ginn. Des Weidere sollen d’Metaller an de Batterien an Zukunft propper an duerch sozial héich Aarbechtstandards ofgebaut ginn, woubäi den Här Minister och eng méi streng Kontroll vu Kanneraarbecht erwäänt. Dës Aussoe loossen Zweiwel un der Ëmweltfrëndlechkeet an Ethik vun der aktueller Produktioun vun Elektroautoen opkommen. Virun dësem Hannergrond erschéngt déi ugekënnegt Primm vu 5000€, déi scho bei dësem Autosfestival soll zum Asaz kommen, aus ökologescher a ethescher Perspektiv zweiwelhaft.

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  • Wéi legitiméiert d’Regierung d’Subventioun vun aktuelle Modeller vun Elektroautoe mat ëffentleche Steiergelder, wëssend dass d’Produktioun vun de Batterien, déi bei dësen Autoen zum Asaz kommen, aktuell net ëmweltfrëndlech ass?
  • Kann den Här Minister confirméieren, dass mat der ugekënnegter Primm keng Elektroautoe subventionéiert gi bei deene Kanneraarbecht am Produktiounsprozess vum Auto zum Asaz kennt? Wéi kann den Här Minister garantéieren, dass an der Produktiounskette vun därzäitegen Elektroautoe keng Kanneraarbecht zum Asaz kennt?
  • Opgrond vun der ökologescher Bilanz vun der Produktioun vu Batterië fir Elektroautoen a wëssend, dass nieft der Elektromobilitéit alternativ Untriebstechnologien – dorënner d’Brennstoffzell, den Äerdgas oder Hybridsolutiounen – existéieren, gesäit d’Regierung vir, dës Technologien am aktuelle Mobilitéitskonzept ze fiederen? Falls nee, firwat verbléift d’Regierung bei hirer Positioun an der Energiepolitik nëmmen op eng Kaart ze setzen? Wat schwätzt an dem Kontext konkret géint d’Fërderung vun Alternativen zum Elektroauto?

Mat déiwem Respekt,
GOERGEN Mark
Député