Parlamentaresch Fro iwwert de EU-Projet: WiFi4EU

Parlamentaresch Fro iwwert de EU-Projet: WiFi4EU

Ëffentlechen Wifi ass ëmmer méi verbreet an d’EU well deementspriechend mat dem Projet WiFi4EU de WiFi ëmmer méi liicht zougänglech maachen.
D’Piraten hunn dem Minister fir Digitalisatioun & Interieur eng parlamentaresch Fro iwwert Ënnerstetzung vun de Gemenge gestalt.

Am Folgende fannt der den Text zu eiser Fro:

Vum 7. bis den 9. November huet den éischten Appell fir Projeten vum EU-Projet WiFi4EU stattfonnt. An dësem Kader konnte Gemengen, déi sech gemellt hunn, 15.000 € kréie fir Wifi op ëffentleche Plazen opzeriichten. Schlussendlech goufe 15 lëtzebuergesch Gemengen zeréckbehalen fir un dësem Projet deelzehuelen. Dësen Appell gouf no enger “first-come, first-served basis” verdeelt mat engem Minimum vu 15 Gemenge pro Land.

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  • Huet d’Regierung Gemengen encouragéiert un dësem Projet deelzehuelen?
  • Gouf et eng concertéiert Aktioun fir e Maximum un Demanden direkt um Ufank vun der Period vum Appell anzereechen fir esou vun der “first-come, first-served basis” ze profitéieren? Wann nee, firwat net?
  • Ass d’Regierung der Meenung, datt fräien Internetaccès an ëffentleche Gebaier gefërdert misst ginn? Wa jo, wéi eng Mesuren setzt d’Regierung ëm, fir d’Gemengen, Veräiner a Syndikater dobäi z’ënnerstëtzen?
  • Plangt d’Regierung déi Gemengen z’ënnerstëtzen, déi beim WiFi4EU-Projet net berécksiichtegt goufen?

Mat déiwem Respekt,
CLEMENT Sven
Député

Schaffzäiten bei der Police

Schaffzäiten bei der Police

D’Piraten hunn de Ministere fir Ëffentlechen Déngscht, Bannenzeg Sécherheet an Aarbecht eng parlamentaresch Fro iwwer d’Schaffzäite vun der Police gestalt.

Am Folgende fannt der den Text zu eiser Fro:

Am Lëtzebuerger Journal vum 11. Dezember 2018 schreift den Här Pascal Ricquier vun enger feelerhafter Ëmsetzung vum Staatsbeamtestatut bei der Police Grand-Ducale. D’Gesetz léisst hei anscheinend grouss Lücke wat déi reell Schaffzäite vun de Agenten ugeet. Esou existéieren zum Beispill keng Reegelunge fir Nuetsschichten a Sonndeger, wat bedeit dass d’Agenten an engem illegale Kontext hiren Déngscht verriichten.

An dësem Kontext wëll ech den Häre Ministere folgend Froe stellen:

• Kënnen déi Häre Ministeren eis confirméieren, dass déi Gesetzeslücken
existéieren?

• Am Fall vun enger affirmativer Äntwert zu der vireger Fro, wat fir
Konsequenzen huet dës Gesetzeslück op d’Organisatioun vun der Police
geméiss der « Loi du 18 juillet 2018 sur la Police grand-ducale »?

• Op d’Äntwert vun der vireger Fro bezunn, wat sinn d’Konsequenze fir déi
national Sécherheet?

• Wéi gëtt d’Ausbezuelung vun de Majoratiounen,
zum Beispill fir Sonndeger a Nuetsschichten, gereegelt?

• Ënnert wéi ee Gesetz oder Reglement fält d’Ausbezuelung vun de
majoréierte Stonnen?

• Wéi gesäit d’Prozedur aus am Fall vun engem Aarbechtsaccident wärend
de Stonnen, déi ausserhalb deem am Gesetz festgeluechte Stonne léien?

Mat déiwem Respekt,
GOERGEN Marc
Député

Plackennummer uginn bei enger Parkauer. Wat geschitt mat den Donnéeën ?

Plackennummer uginn bei enger Parkauer. Wat geschitt mat den Donnéeën ?

Ech hu festgestallt, dass a vereenzelte Gemengen ee neien Typ Parkaueren installéiert gi sinn, bei deem de Besëtzer vun engem Gefier seng Plackennummer muss uginn. Zu Déifferdeng ass d’Aféierung vu solche Parkaueren an der Gemengerotssëtzung vum 25. Abrëll 2018 decidéiert ginn. Besuergt ëm den Dateschutz geméiss der EU Veruerdnung 2016/679 an der Transpositioun vun dëser Veruerdnung am Gesetz vum 1. August 2018
iwwert d’Organisatioun vun der «Loi Commission nationale pour la protection des données et du régime général sur la protection des données » stellen ech den Häre Ministere folgend Froen:

  • Kënnen déi Häre Ministeren mer confirméieren, dass déi Donnéeën, déi de Benotzer vu esou enger Parkauer agëtt, gespäichert ginn?
  • Am Fall wou déi Donnéeën gespäichert ginn, kënnen déi Häre Ministeren mer explizéieren wou d’SpäicherpIaz vun dësen Donnéeën läit a fir wéi laang eng Späicherung vun dësen Donnéeën virgesinn ass?
  • Wéi gëtt garantéiert, dass d’Fonctionnement vun de Parkaueren der EU Veruerdnung 2016/679 entsprécht, speziell hinsichtiech dem Artikel 5 Punkt (1) b) an d) an dem Artikel 6 Punkt (1) Absatz a) an e)?
  • Ginn Donnéeën no der Erhiewung benotzt fir aner Zwecker ausser vum Parkmanagement? Kéinten d’Donnéeën an d’Zukunft no der Erhiewung genotzt ginn fir aner Zwecker déi net am Parkmanagement abegraff sinn?

Ech verbléiwen an déiwem Respekt,
Marc GEORGEN
Députéierten

Iwwert d’Zouverlässegkeet vun eise Kommunikatiounsreseauen

Iwwert d’Zouverlässegkeet vun eise Kommunikatiounsreseauen

D’Piraten hunn de Ministere fir Kommunikatioun a Medien, Wirtschaft, & Bannenzeg Sécherheet eng parlamentaresch Fro iwwert d’Sécherheet a Vertraulechkeet vun de Kommunikatiounsreseaue gestalt.

Am Folgende fannt der den Text zu eiser Fro:

De 5. Dezember huet d’BBC gemellt, datt British Telecom an Zukunft keng Equipementer vun Huawei méi an hirem sougenannten “Core” vum Kommunikatiounsréseau wäert asetzen. Dëst ënnert anerem als Konsequenz op den Rapport vun der “U.S.-China Economic and Security Review Commission” vum amerikanesche Congress, déi fonnt hunn, datt Beijing Hiersteller vu Kommunikatiounsequipementer, wéi z.B. Huawei, dozou zwéngen kéint “to modify products to perform below expectations or fail, facilitate state or corporate espionage, or otherwise compromise the confidentiality, integrity, or availability” vu Kommunikatiounsréseauen. Och Neiséiland huet rezent verbueden d’Equipementer vum chinesechem Hiersteller am Kär vun der Infrastruktur anzesetzen.

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  • Hellt d’Regierung d’Warnunge vun der “U.S.-China Economic and Security Review Commission” och virum Hannergrond vum Handelskrich tëscht den USA a China eescht?
  • Benotzt ee vun den Operateuren hei zu Lëtzebuerg Material vu Huawei oder soss engem chinesesche Fabrikant am Kär-Netzwierk?
  • Plangt d’Regierung bei der POST z’intervenéieren fir eng ähnlech Positioun wéi British Telecom anzehuelen?
  • Plangt d’Regierung ähnlech Moossnahmen ze treffen wéi Neiséiland?
  • Wéi eng Schrëtt huet d’Regierung an der Vergangenheet ënnerholl, a wéi eng plangt se z’ënnerhuelen, fir d’Sécherheet an d’Vertraulechkeet vun eise Kommunikatiounsréseauen ze garantéieren?

Mat déiwem Respekt,
CLEMENT Sven
Député

Lëtzebuerg 2020. Ee Pionéier am Numérique? Eng parlamentaresch Fro iwwer Fiber an Internetuschlëss

Am Folgende fannt der den Text zu eiser Fro:

Op der Säit 65 vum néie Koalitiounsaccord setzt sech déi aktuell Regierung d’Ziel aus Lëtzebuerg ee Pionéier an Innovatiounsleader am Numérique ze maachen a schonns a senger Ried vum 22. Februar 2016 huet den Här Bettel ugekënnegt, dass 2020 ganz Lëtzebuerg en Accès zu engem Fiberuschloss wäert hunn. Opgrond vun dëser ambitiéiser Zielsetzung géif ech gäre méi zum aktuelle Status vum Internetreseau hei am Land wëssen.

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  • Opgelëscht pro Gemeng, wat ass Duerchschnëttsgeschwëndegkeet vun Internetverbindungen um Reseau vun der POST?
  • Opgelëscht pro Gemeng, wat ass Duerchschnëttsdauer, ausgedréckt an Deeg, vun der Commande vun engem Internetaccès bis zur Installatioun bei der POST?
  • Opgelëscht pro Gemeng, wat ass d’Unzuel vu Stéit, absolut a prozentual, wou hei am Land Accès zu engem Fiberuschloss besëtzen? Wéi vill Prozent vun dëse Stéit benotzen dësen Accès effektiv?

Mat déiwem Respekt,
CLEMENT Sven
Député

Fräiheetsbeschränkungen am Internet

Fräiheetsbeschränkungen am Internet

D’Piraten hunn dem Här Wirtschaftsminister Etienne Schneider eng parlamentaresch Fro iwwert d’Artikelen 3, 11, 13 gestalt.

Am Folgende fannt der den Text zu eiser Fro:

Virun zwee Joer hunn d’europäescht Parlament an de Rot eng Propositioun fir eng Direktiv iwwert Droit d’Auteuren am digitale Bannemaart virgeluecht, déi säit dësem Zäitpunkt oft am Zentrum vun ëffentlechen Debatte stoung, well d’Artikelen 3, 11 an 13 vun dëser Direktiv duerch Richtlinne fir Text- an Data Mining, Aschränkunge vun automatesche Linkpreviews an der Erzwéngung vun Uploadfilteren erhieflech Fräiheetsbeschränkungen am Internet virgesinn.

D’lnhalter vun dësem Dokument wäerte wärend enger leschter Trilog-Sëtzung spéitstens bis den 13.12.18 endgülteg festgesat ginn. Zu deem Zäitpunkt wäerte signifikativ Entscheedunge fir d’Zukunft vum fräien Internet an der EU getraff ginn. Dëst och ob Basis vun engem Verhandlungsmandat vum Wirtschaftsminister Etienne Schneider, deen am COREPER diskutéiert a ficeléiert gëtt.

Dofir wéilt ech am Kontext vun dëser Question urgente dem Här Wirtschaftsminister Etienne Schneider folgend Froe stellen:

• Wei geséit dat lëtzebuergescht Verhandlungsmandat fir de Conseil aus?

• Deelt den Här Wirtschaftsminister d’Meenung, dass d’Artikelen 3, 11 an 13 erhieflech Fraiheetsbeschränkunge virgesinn?

• Wier manner Regulatioun an dëse Froen net besser fir de Wirtschaftsstanduert Lëtzebuerg, deen sech jo gären als ‘innovativ’ ob der digitaler Landkaart platzéiert?

Mat déiwem Respekt,
Sven Clement
Députéierten

Mikrodaten fir de Public ?

Mikrodaten fir de Public ?

D’Piraten hunn dem Här Wirtschaftsminister Etienne Schneider eng parlamentaresch Fro iwwert gestalt.

Am Folgende fannt der den Text zu eiser Fro:

Dem Institut National de la statistique et des études économiques (STATEC) seng Missioun besteet, wéi et am Gesetz vum 10 Juli 2011 festgehale gouf, an der Constitutioun vun engem statisteschen Informatiounssystem, dee fir d’Ëffentlechkeet zougänglech soll sinn. Wärend d’Resultater vun den Etüden och tatsächlech reegelméisseg vum STATEC publizéiert ginn, bleiwen déi erhuewene Mikrodaten allerdéngs fir e Groussdeel vum Public net accessibel.

Daten, déi vum STATEC erhuewe goufen, a vertraulech perséinlech Informatiounen enthalen, kennen net frei zougänglech sinn an däerfe vu Wëssenschaftier nëmmen agesi ginn, wann virdrun eng Demande agereecht ginn ass, an där de Wonsch no engem Zougrëff ob des vertraulech Mikrodaten hiréichend begrënnt an d’Relevanz vum wëssenschaftieche Projet iwwerzeegend duergestallt gouf. Dëst ass wichteg fir de Schutz vun der Privatsphär a gëtt vun de Pirate begréisst.

Allerdéngs kéinten anonymiséiert Mikrodaten an déi dozougehéierend Codebicher duerchaus ëffentlech zouganglech sinn, fir eng zivilgesellschaftlech Iwwerpréiwung vum STATEC senge Methoden a Resultater ze erméiglechen an duerch den einfachen Zougrëff néi Studien ob Base vun dësen Daten ze encouragéieren.

An dësem Zesummenhang wéilt ech dem Har Wirtschaftsminister dës Froe stellen:

• Stellt de STATEC der Ëffentlechkeet anonymiséiert Mikrodaten zur
  Verfügung?
• Am Fall wou d’Äntwert positiv ausfält: Wéi a wou sinn des Datesätz ze
  kréien?
• Am Eall wou d’Äntwert negativ ausfält: Mat wéi enger Begrënnung enthält
  de STATEC der Ëffentlechkeet des Date fir?

Mat déiwem Respekt,
Sven Clement
Deputéierten

Iwwert d’Konsequenzen vun der Reform vun de Rettungsdéngschter

Iwwert d’Konsequenzen vun der Reform vun de Rettungsdéngschter

D’Piraten hunn dem Här Inneminister Dan Kersch eng parlamentaresch Fro iwwert den CGDIS gestalt.

Den 1. Juli 2018 ass dat neit Gesetz iwwert d’Organisatioun vun der sécurité civile an der Schafung vum Corps grand-ducal d’incendie et de secours (CGDIS) a Kraaft getrueden. Zenter dësem Datum sinn eng Rei Méint verstrach an déi éischt Konsequenze vun dëser ëmfaassender Reform zeechnen sech of. Leider muss ee feststellen, dass vill Betraffener net zefridde mat gewësse Verännerunge sinn an sech net hireichend iwwert d’Changementer informéiert fillen; A klenge Pompjees- a Rettungsdéngschtzentere feelt et am Dag oft u Personal, d’Volontairë wësse bis elo net, wéi hiert Engagement wäert remuneréiert ginn an d’leit um Terrain beschwéieren sech iwwert eng onduerchsichteg Strategie bei der Verdeelung vun Asätz tëscht de verschiddenen Zenteren am Land.

An dësem Zesummenhang wéilt ech dem Här Inneminister des Froe stellen:

• Wei dachs ass et zanter dem 1. Juli 2018 am Dag virkomm, dass Pompjees- a Rettungsdéngschtzenteren net operationell waren, well déi virgeschriwwe Mindestzuel un asazbereete Persounen net erreecht gouf? Wei oft war dëst nuets de Fall? Wei eng Mesurë si getraff ginn, fir en eventuellen Personalmangel ze behiewen?

• Ass de Reglement vun der CGDIS iwwert d’Indemnisatioun vun de Volontairë bei de Pomjees- a Rettungsdéngschter zum aktuellen Zäitpunkt scho vum Regierungsrot ugeholl ginn? Falls d’Äntwert positiv ausfält: Wéi sinn déi Betraffen iwwert d’Inhalter informéiert ginn? Falls d’Äntwert negativ ausfält: Firwat läit nach keng Approbatioun fir?

• Wéi vill erwuesse Persounen hunn hiert Volontariat bei de fräiwëllege Pompjeeën oder beim Rettungsdéngscht zanter dem 1. Juli 2018 niddergeluecht a wei vill hunn zanter dësem Datum nei ugefaangen? Wei vill dovun koumen aus den Jugendsektiounen? Wei gesinn des Zuele fir d’Joer 2016 an 2017 aus?

• No wei enge Kritäre gi bei engem Noutfall d’Zenteren, déi kontaktéiert ginn, ausgewielt a wei ginn des Kritäre gewiicht?

Mat déiwem Respekt,
Sven Clement
Deputéierten


En DDOS Scrubbing Center fir Lëtzebuerg

En DDOS Scrubbing Center fir Lëtzebuerg

D’Piraten hunn dem Här Staatsminister eng parlamentaresch Fro iwwert den DDOS-Scrubbing gestalt.

Am Folgende fannt der den Text zu eiser Fro:

Den 13. November huet den Här Staatsminister an enger Ried op der Erëffnung vun de “Luxembourg Internet Days” an an engem Tweet, den Opbau vun engem sougenannte “DDoS Scrubbing Center” annoncéiert. Dësen Zenter soll Deel vun der digitaler Strategie vu Lëtzebuerg sinn. An deem Zesummenhang wéilt ech dem Här Staatsminister dës Froe stellen:

• Wéi vill DDoS-Attacken ginn all Dag zu Lëtzebuerg gemooss? Wat ass den Duerchsaz vun dësen an Mbps, Gbps, Tbps o.ä.?
• Op wéi engem Niveau vum OSI-Schichtemodell géif dëse “Scrubbing” zum Asaz kommen?
• Géif dëse “Scrubbing” op sougenannte “Deep-Packet-Inspection”-Technologien zeréck gräifen? Wa jo, wien definéiert d’Parameter fir z’entscheede wat legitimmen a wat DDoS-Trafic ass?
• Am Fall wou “Deep-Packet-Inspection” zum Asaz kéim, wéi garantéiert den HCPN d’Vertraulechkeet vun Internetkommunikatiounen? Géif an dësem Fall och Trafic fir staatlech Serveren dee SSL-verschlësselt ass interceptéiert ginn?
• Wien decidéiert genee, wéini de “DDoS Scrubbing” an domadder d’Ëmleedung vun de Kommunikatioune stattfënnt?
• Wéi héich ass de Käschtepunkt vun dëser ugekënnegter Mesure an a wéi engem Budgetsposten ass se virgesinn?
• Wien géif dësen DDoS-Scrubbing operativ bedreiwen? Géif dëse Service just fir Staatsservicer offréiert ginn oder och fir de Privatsecteur?

Mat déiwem Respekt,
Sven Clement
Deputéierten

3 Méint keen Salaire ?

3 Méint keen Salaire ?

Den 13 November 2018 hu mer dem Minister fir National Educatioun eng parlamentaresch Fro iwwert d’Salairë vun de Chargés d’éducation a vun de Chargés de cours gestallt.

Am Folgende fannt der den Text zu eiser Fro:

“Plusieurs personnes engagées auprès de l’État comme chargé de cours et chargé d’éducation nous ont contactées pour nous informer que l’État n’a pas encore versé de salaire depuis août 2018, ceci en contravention de l’article 221-1 du code de travail. Cependant ils ont reçu des fiches de salaires erronées indiquant des salaires à toucher en dessous d’un euro pour une tâche complète.

Dans ce contexte, j’aimerais poser les questions suivantes aux Messieurs les Ministres :

  • Messieurs les Ministres peuvent-ils confirmer que certains employés auprès de l’État n’aient pas encore reçu la totalité de leurs salaires dus depuis le mois d’août ? De combien de personnes s’agit-il ?
  • Quelles sont les raisons pour ces retards de liquidation de salaires ?
  • Quel est le montant global des salaires tardifs à verser ?
  • Quelles sont les conséquences légales et financières pour l’État à cause de ces paiements tardifs ?

Veuillez croire, Monsieur le Président, en l’expression de ma très haute considération.

Sven Clement
Député”