Attaché(e) parlementaire
Description
Missioun
Als parlamentareschen Attaché ass Är Missioun fir eis Deputéierten bei hirer parlamentarescher Aarbecht am Alldag z’ënnerstëtzen.
Aufgaben
Är Aarbecht ëmfaasst ënnert anerem:
- Schreiwe vu parlamentaresche Froen: Suivi vun der Presse, offiziellen Dokumenter, Biergerufroen, …
- Schreiwe vu legislativen Texter : Gesetzespropositiounen, Amendementer, Motiounen, …
- Analyse a Schreiwe vun Notten iwwert aktuell Projeten an der Chamber an Themefelder déi op der Dagesuerdnung stinn.
- Treffen mat Acteuren vum Terrain fir sech e bessert Bild iwwert d’Situatioun vun alle Säiten ze maachen an esou eng besser legislativ Aarbecht z’ënnerstëtzen.
- Organisatioun a Participatioun u Konferenzen: Organisatioun an Duerchféierung vu Konferenzen zur politescher Bildung
- Analyse vum Staatsbudget a Redaktioun vun Notten a Recommandatiounen
- Verschidden administrativ Tâchen
Requirements
- Dir identifizéiert Iech mat de Grondprinzipien vun de PIRATEN
- Dir hutt Kenntnisser an e Verständnis vun der nationaler an internationaler Politik an hirem Kader
- Dir beherrscht déi dräi offiziell Landessproochen a Schrëft a Sprooch sou wéi Englesch.
- Dir kennt Iech aus mat de gängege Computer-Programmer a wësst wéi een sozial Netzwierker benotzt, Kenntnisser vun OpenSource Office-Programmer ass vu Virdeel.
- Dir hutt Organisatiounstalent, kënnt Texter fräi schreiwen an hutt en Equippegeescht