D’Logo vun der Piratepartei

D’Piratepartei Lëtzebuerg setzt sech säit der Grënnung am Oktober 2009 fir Biergerrechter , ee verbesserten Dateschutz a méi Privatsphäre fir Privatpersounen an.

Mir fuerdere méi Transparenz vum Staat, fräien Zougang zu Informatiounen a Bildung. Doriwwer raus fuerdere mer eng grondleeënd Reform vum Urheberrecht a Patentwiesen.

Als Verfechter vum selbstbestëmmte Liewen setzen sech d’Piraten och fir d’Recht op sozial Participatioun, fir d’Chancegläichheet vun alle Mënschen a fir eng Neutralitéit vum Staat géigeniwwer de Glawengemeinschaften an.

Als Member vun enger internationaler Beweegung hellt d’Piratepartei Lëtzebuerg aktiv un internationale Konferenzen an Aktiounen deel.

Grondleeënd Prinzip ass d’Basisdemokratie, déi all Member et erlaabt aktiv d’Zukunft vun der Partei mat ze bestëmmen.

Méi Informatiounen zu den Usiichten vun eiser Partei fannt der an eise Walprogrammer: klick